Bei Marken, déi eng grouss Gamm ubidden, géingen Elektrogefierer ronn 25 Prozent vun de Ventë beim Autofestival ausmaachen.

E Méindeg ass dee leschten Dag vum Autofestival. An och um leschte Weekend hunn nees vill Leit den Tuer vun de Garagë gemaach. 
 
D'Garagiste si ganz zefridde mat der Editioun 2025, seet de Philippe Mersch, President vun der Fedamo. Am Schnëtt wiere 15 Prozent méi Clienten an de Showroomen ënnerwee gewiescht, deemno wieren och méi Venten a méi Offere gemaach ginn, wéi nach déi Jore virdrun. Besonnesch gefrot wieren d'SUVen. Dat läit dorunner, datt et déi Kategorie Gefierer elo an alle Gréissten an fir all Portemonni gëtt, erkläert de President vun der Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité.
 
Wat elo d'Elektroautoen ugeet, géing d'Nofro vu Mark zu Mark staark variéieren. Eenzel Autoskonstrukteure si méi spezialiséiert wéi anerer, dat erkläert d'Ënnerscheeder. Bei Marken, déi eng grouss Gamm ubidden, géingen Elektrogefierer ronn 25 Prozent vun de Ventë beim Autosfestival ausmaachen. 
 
Wat elo de Finanzement ugeet, do mécht een de Constat, datt de Privat-Leasing ëmmer méi beléift gëtt. Virop bei den Elektroautoe géingen d'Clienten op déi Formule zréckgräifen.