Video vun den AarbechtenZu Uewerkuer gouf déi fréier "Schwaarzbréck" ofgerappt

Christophe Hochard
Um Dënschdeg de Moie gouf zu Uewerkuer déi fréier "Schwaarzbréck" ofgerappt, dofir zirkuléiere bis den 23. Februar keng Zich tëscht Esch a Rodange.

60 Tonne schwéier ass d’Bréck, si gouf an der Mëtt duerchgeschnidden an déi zwee Deeler goufen ewechgeholl.

Zu Uewerkuer gëtt déi fréier "Schwaarzbréck" ofgerappt
D’Bréck entsprécht net méi de moderne Standarden a gëtt duerch eng nei ersat.

Déi al Bréck gëtt duerch eng nei ersat. Samschdes, de 26. Abrëll, soll déi nei Bréck op hirer Plaz installéiert ginn. Si ass 6,50 Meter héich an 12,60 Meter breet.

Fréier "Schwaarzbréck" ofgerappt
Um Dënschdeg de Moie gouf zu Uewerkuer déi fréier “Schwaarzbréck” ofgerappt.

Back to Top
CIM LOGO