Am Januar goufen nees méi Hybrid-Autoe wéi Bensinner verkaaft

Dat huet d'Associatioun vun den europäeschen Autoskonstrukteuren ACEA matgedeelt.
Deemno louchen d'Vente vun de rengen Hybride bei knapp 35 Prozent, an d'Plug-In-Hybride kommen op ronn 7,5 Prozent. D'Bensinner maachen eppes iwwer 29 Prozent aus. Dës hunn op ee Joer gekuckt ferm nogelooss.
Staark geklomme sinn dogéint déi Autoen, déi komplett mat Elektresch fueren. Dës maachen elo 15 Prozent bei de Venten um europäesche Marché aus. Diesel-Gefierer leien nëmmen nach bei 10 Prozent.
Am europäeschen Automobilsecteur schaffen iwwerdeems mat den Zouliwwerer nach ëmmer 13,2 Millioune Leit. Dat si méi wéi 10 Prozent vu sämtlechen Handwierksberuffer an der EU.
Wat de reng Lëtzebuerger Fuerpark ugeet, goufen am Laf vum Januar 3.718 nei Autoen ugemellt. Dat ass e Plus vun 2,3 Prozent géintiwwer Januar 2024.
Entgéint dem europäeschen Trend dominéiere bei eis mëttlerweil d’E-Autoen. 1.170 Elektroautoe goufen am Januar ugemellt, bei just 870 Bensinner a just 400 Dieselen. Hybride goufen der 960 registréiert an 320 PlugIn-Hybriden.