Am Januar goufe Beem a Straicher ewechgeholl. Mëtt Mäerz fänken déi eigentlech Aarbechten un.

Ugangs Januar goufen op der Kockelscheier Beem a Straicher op enger Längt vun 250 Meter laanscht d'Strooss ewechgeholl. Duerno ass laang näischt méi geschitt. A ronn dräi Woche sollen elo d'Aarbechte mam Bau vun der Vëlospist ugoen. Den Ament géife Preparatiounsaarbechten duerchgefouert ginn, heescht et vun de Responsabele vun der Stater an der Réiser Gemeng.

Ee Joer ass virgesinn, fir de Bau vun dëser Vëlospist, déi och laanscht d'Haus vun der Natur geet. Den aktuelle Vëloswee hält beim Golfterrain op der Kockelscheier op a gëtt ëm ronn zwee Kilometer verlängert. Dëse Vëloswee verbënnt spéider d'Stad Lëtzebuerg a Réiser mam Industriepark Luxite op der Kockelscheier.

Dës nei Vëlospist erméiglecht eng Verbindung baussent der Stad Lëtzebuerg. Ausserdeem kritt een esou eng Verbindung un déi national Vëlospisten.