De Restrukturéierungsplang gouf ugeholl, elo feelt et nach un Investisseuren

© AFP
Am November zejoert war et d'Meldung, dass KTM quasi bankrott ass. Elo gëtt et nees Hoffnung fir d'Employéen a fir d'Frënn vun der Mark.
De Restrukturéierungsplang fir d'KTM AG gouf de 25. Februar guttgeheescht. Domadder ass den éischte wichtege Schratt gemaach, fir d'éisträichesch Motorradsmark um Liewen ze halen.
Elo heescht et awer Investisseure fannen. Well am Restrukturéierungsplang ass virgesinn, dass d'KTM AG e Betrag vu 548 Milliounen Euro beim Restrukturéierungsverwalter muss hannerleeën, an dat bis spéitstens den 23. Mee 2025.
Bis dohinner kritt KTM finanziell Ressourcen an Héicht vu 50 Milliounen Euro aus dem erweiderte Krees vun den Aktionären zur Verfügung gestallt, fir d'Produktioun vu Mëtt Mäerz 2025 un nees lues a lues eropzefueren. Bannent dräi Méint sollen dann déi véier Produktiounslinnen nees voll ausgelaascht sinn.
Fir, dass alles esou kann ëmgesat ginn, brauch et wéi gesot Investisseuren. Et solle schonn eng 20 Kandidate ginn, déi do Interessi gewisen hunn. Mat do vir bäi ass de Stephan Zöchling, dat warscheinlech zesumme mam indesche Groussaktionär Bajaj. Den Zöchling hat Enn 2024 schonn emol 50 Milliounen Euro an de Betrib gestach, fir en um Liewen ze halen. Zanterhier ass en och am Verwaltungsrot vun der "Pierer Industrie", zu där KTM gehéiert.
Den Zöchling huet an Interviewen dann och scho gesot, dass ee misst driwwer nodenken, d'Produktioun a Richtung Asien ze verlageren, do géif ee vill Sue spueren. Do kéim dann e Produktiounsstanduert Indien an d'Spill. Den Ament gi ronn 80% vun de KTM-Baudeeler an Europa produzéiert, wat mat den deementspriechende Produktiounskäschte verbonnen ass. An Indien kéint een hei gréisser Aspuerunge maachen.
Éier d'Insolvenz-Prozedure lancéiert goufen, hat KTM knapp 2.500 Mataarbechter. Zanterhier ass déi Personaldecken op ronn 2.000 Persounen zeréckgaangen. Net kloer ass, ob nees zousätzlech Leit agestallt ginn, wann dat neit Kapital bis zur Verfügung steet.