Pirate schwätze vu Privatiséierung, aner Parteie mat där Vue net averstanen

Archivbild
Aktuell lafe Verhandlungen tëscht dem Gemengesyndikat TICE an dem Staat en Vue vun enger neier Konventioun.
Et geet ënner anerem ëm d’Finanzéierung, ëm zousätzlech Busservicer an ëm d’Elektrifizéierung vun der Flott.
D’Reorganisatioun vum TICE-Reseau stoung en Donneschdegmoien och um Ordre du Jour an der parlamentarescher Mobilitéitskommissioun op Demande vun de Piraten.
D'Sensibilitéit seet sech zefridden, datt een elo vun der liberaler Mobilitéitsministesch Yuriko Backes verséchert kritt hätt, datt d'Elektrifizéierung vum Staat iwwerholl gëtt. D’Piraten an den Deputéierte Marc Goergen bleiwen awer och no der Sitzung bei hirer Meenung, datt een an engem gewësse Sënn vun enger Privatiséierung vum Reseau ka schwätzen.
Déi sechs Millioune Kilometeren, déi derbäi kéimen, wäerte vu privaten Entreprisë gefuer ginn an dat wär eng Privatiséierung vum Reseau, seet de Marc Goergen.
Amplaz den TICE auslafen ze loossen, hätt een e kënne fit maache fir dës Strecken. Den CSV-Deputé-Maire vu Käerjeng Michel Wolter, fréieren TICE-Vizepresident, huet fir d'Vue vun de Pirate wéineg Versteesdemech.
"Den Här Goergen huet elo wärend enger hallwer Stonn erkläert kritt, wéi de System ass. An den Här Goergen kënnt dann eraus, dee geet also fënnef Minutten éischter aus der Reunioun eraus, fir Iech dee selwechte Baratin z'erzielen, deen en elo scho säit Wochen dobaussen erzielt. Mee jiddwereen ass responsabel fir déi Dommheeten, déi hie selwer seet"
De gréngen Deputéierten an Escher Schäffe Meris Sehovic fënnt kloer Wierder a Richtung Piraten:
"Wat den TICE am Spezifeschen ugeet, bedaueren ech eigentlech, dass an deene leschte Woche verschidde Klengst-Parteien eigentlech Polemik maachen a Populismus bedreiwen an extreem vill Veronsécherung matbréngen, grad och beim Personal"
Änlech Wierder koumen en Donneschdeg vum Yves Cruchten, LSAP-Deputéierten a Schäffen zu Käerjeng:
"Ech mengen d'Deputéierten an der Kommissioun an och den Här Goergen hunn elo wärend iwwer enger Stonn all d'Erklärunge kritt, déi widderleeën, dass et hei zu enger Privatiséierung kënnt. Wann d'Piraten elo nach ëmmer erauskommen an hei soen, den TICE géif hei privatiséiert ginn, da weist dat just, dass et hinnen ëm soss näischt geet, wéi ëm Poleemik."
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes wollt sech no der Sëtzung vun der Chamberkommissioun iwwregens net vis-à-vis vun der Press äusseren.