Den Tram fiert elo offiziell bis op de Findel
Zanter e Sonndeg fiert den Tram mat senger leschter Extensioun dann och bis op de Findel.
Domat kommen d’Aarbechten un der éischter Tramslinn hei am Land op en Enn.
D’Reesen iwwert de Findel soll domat méi accessibel ginn. Dee leschten Tronçon ass knapp véier Kilometer laang an den Tramsreseau kritt zwou nei Statiounen. Aus der Endstatioun Kierchbierg gëtt elo d'Rees-Zil "Findel-Fluchhafen".
Zanter e Sonndeg de Mëtteg 12 Auer fiert den Tram am Aacht-Minutten-Takt. Fir déi eng a Richtung Schaff, fir déi aner a Richtung Vakanz.
Laanscht d’LuxExpo iwwert déi nei Bréck iwwert d’Autobunn A1. Laanscht de Gréngewald an de Molereie vun de Schüler vum Lycée des Arts et Métiers. Fir eng Rei Passagéier am Tram e flotten Ausfluch um Sonndeg:
"Ech wollt direkt déi éischte Kéier dobäi sinn. Et intresséiert mech schonn. Ech fannen et schonn eng gutt Saach, datt dat ganzt elo esou gutt funktionéiert."
"Mir hunn d’Reklamm gesinn, datt haut déi éischt Faart ass. An dat wollte mer eis net entgoe loossen."
"Mir reesen elo net esou vill, mee mam Tram direkt op de Fluchhafen ze kommen, ass scho praktesch. Do wäerte mer och drop zeréckgräifen."
Méi einfach – och ouni Auto – a Richtung Findel
Et gëllt e Quartier, dee sech och ekonomesch séier entwéckelt, besser unzeschléissen, erkläert den Helge Dorstewitz, Generaldirekter vu Luxtram: "Natierlech geet et virun allem ëm de Fluchhafen. Hei gëtt et schonn eng héich Nofro nom ëffentlechen Transport. Mee hei gëtt effektiv elo schonn e puer Dausend Aarbechtsplazen. De Quartier wiisst a fir Employéeën ass et e ganz wichtege Schrëtt."
Ageweit gouf den neie Tronçon virun enger ganzer Rei Invitéen, och aus anere Gemengen. Nom Houwald (Gemeng Hesper), ass et déi zweete Kéier, datt de Reseau den Terrain vun der Stad Lëtzebuerg verléisst. D’Stréck hannert dem Tram-Schapp, ewéi och de Findel leien um Terrain vun der Gemeng Nidderaanwen.
D'Yuriko Backes, Transportministesch, weist sech zefridde mam Ausbau: "Méi Choix. Et ass jo dat, wat mer wierklech wëllen, datt d’Leit de Choix an hirer Mobilitéit hunn. Mir sinn hei um Findel. Hei ass et, wou vill Leit déi éischte Kéier Kontakt mat Lëtzebuerg kréien. Dofir ass et och wichteg, datt en Tram, och nach fir näischt, virun der Dier d’Leit och direkt an d’Stad guidéiert. Dat ass eng ganz grouss Etapp an eiser Mobilitéit."
An dat neierdéngs och mat 70 Kilometer d'Stonn op verschiddenen Deeler vum Tronçon. Dräi Joer an dräi Méint gouf fir 100 Milliounen Euro un der Extensioun geschafft. D’Preparatioune fir deen nächsten Tronçon hunn och schonns ugefaangen, erkläert den Helge Dorstewitz: "Geschafft gëtt schonn um Tronçon Konrad Adenauer. Mir hu jo elo schonn e puer Beem ëmgeplanzt. Et goufen elo schonns eng 46 Beem erausgeholl. An am Mee wäerte mer da mat den Deviatioune vum Reseau ufänken. Mam Zil 2027 fir d’Rentrée dësen Deel a Betrib ze huelen."
Déi éischt Tramslinn vum Stadion bis op de Findel, fiert dann elo op 24 Statiounen, mat zéng Pôles d’Echangen. Dat Ganzt ob enger Distanz vu knapp 16 Kilometer. D'lescht Joer eleng goufen iwwregens annerhallef Millioune Kilometer um Netz vum Tram gefuer.