Demande fir Elektroautoe klëmmt däitlech, Tesla a Smart briechen an

© AFP
Wärend et allgemeng e Réckgang vun neien Autoen an Europa gëtt, ass bei de Verkafszuele vun Elektroautoen eng däitlech Hausse ze verzeechnen.
Wéi den europäesche Produzenteverband ACEA an engem Communiqué matgedeelt huet, gouf et am Januar 2025 ee Recul ëm 2,6 Prozent fir Neizouloossunge vun Autoen. Dat virun allem an de groussen EU-Länner Frankräich (-6,2%), Italien (-5,8%) an Däitschland (-2,8%). Entgéint dësem Trend gouf et bei den Elektroautoen allerdéngs ee groussen Zouwuess vu 34 Prozent. An Däitschland gouf et dee gréisste Plus mat 53,5 Prozent, an och an der Belsch (37,2%) an an Holland (28,2%) sinn d'Zuele staark geklommen.
Vun deem Zouwuess konnt déi US-amerikanesch Mark Tesla vum Chef Elon Musk awer iwwerhaapt net profitéieren. Hei sinn d'Verkafszuelen ëm 45,2 Prozent agebrach. Ee Grond dofir kéint d'Amëschung vum CEO Elon Musk an déi europäesch Politik sinn an och d'Ënnerstëtzung vum US-President Donald Trump, déi vill potenziell Clienten net ënnerstëtzen. Rout Zuelen huet donieft och Smart mat engem Minus vu knapp 50 Prozent gemaach. Hei sollen ze héich Präisser Schold sinn.