Am Kader vum Reamenagement vun der Rue des Scillas sollten de Weekend vum 15. bis den 17. Mäerz e puer Stroossen an där Géigend gespaart ginn.

D'Ponts et chaussées hate preziséiert, datt d'Rue des Scillas an de Rangwee bis bei d'Kräizung vum Boulevard de Kyiv an der Rue du 9 Mai 1944 gespaart ginn. Dat vun e Samschdeg dem 15. Mäerz um 5 Auer bis de 17. Mäerz um 5 Auer.

Wéinst de Wiederkonditioune ginn dës Aarbechten allerdéngs verluecht, heescht et an engem Communiqué vun de Ponts et chaussées e Freideg.

D'Rue des Scillas sollt deemno vun der Afaart vum fréiere Cactus Hobbi an de Rangwee bis bei d'Kräizung vum Boulevard de Kyiv an der Rue du 9 Mai 1944 a béid Richtunge gespaart ginn. Den Tunnel Rangwee sollt och gespaart ginn.

D'Deviatioune ginn iwwer d'Reiffeisenstrooss, de Boulevard Kockelscheier an de Pont Buchler.

D'Schreiwes vun de Ponts et chaussées (7. Mäerz 2025)

Fermeture de la rue des Scillas et de la rue Rangwee jusqu’au croisement boulevard de Kyiv/rue du 9 Mai 1944 et des tunnels Rangwee (15-17.03.2025)
Communiqué par : Administration des ponts et chaussées
 
Dans le cadre du chantier relatif au réaménagement de la rue des Scillas, la rue des Scillas et la rue Rangwee seront fermées jusqu’au croisement boulevard de Kyiv/rue du 9 Mai 1944 du samedi 15 mars 2025 à 5 heures jusqu’au lundi 17 mars 2025 à 5 heures. Les tunnels Rangwee seront également interdits à la circulation pendant cette période.

Barrages et déviations:

Les barrages suivants seront mis en place:

Fermeture dans les deux sens de la rue des Scillas à partir de l’entrée Cactus Hobbi et de la rue Rangwee jusqu’au croisement boulevard de Kyiv/rue du 9 Mai 1944
Fermeture des tunnels Rangwee

Les déviations passeront par la rue Raiffeisen, le boulevard Kockelscheuer et le Pont Buchler.