Wéinst dem Tarifsträit am ëffentlechen Déngscht, huet d'Gewerkschaft ver.di zu engem 24 Stonne laange Streik opgeruff, dëst op 11 däitsche Flughäfen.

Zanter Mëtternuecht gëtt op 11 däitsche Flughäfe gestreikt, fir besser Aarbechtskonditiounen. Méi wéi 3.000 Volle wäerten doduerch ausfalen - betraff si méi wéi eng hallef Millioun Passagéier.

  • Aus der Haaptstad Berlin gëtt gemellt, dass um BER e Méindeg kee Fliger starten oder lande wäert. 
  • Zu Frankfurt kréien d'Passagéier geroden, guer net op d'Terminallen ze kommen. Ëmmerhi géif un engem Ersatzfluchplang geschafft ginn. Betraff si ronn 1.200 Vollen.
  • Vu München heescht et, de gréissten Deel vun de Flich géif annuléiert ginn. Mat Verspéidunge muss gerechent ginn, un engem Ersatzplang schaffe se och do.
  • Zu Hamburg gouf e Sonndeg scho gestreikt, an och e Méindeg gëtt geroden, vill Zäit anzeplangen a mat sou wéineg wéi méiglech Gepäck ze reesen.
  • Och betraff vum Streik sinn déi méi kleng Flughäfen Düsseldorf, Köln/Bonn, Dortmund, Stuttgart, Hannover, Bremen a Leipzig-Halle. Och hei sinn déi meeschte Volle betraff a wien et trotzdeem riskéiere wëllt, sollt wéineg Gepäck a vill Gedold matbréngen. 

Lëtzebuerg ass och betraff

Dëse Streik huet och Auswierkungen op de Betrib um Findel. Stand 7 Auer fale, bis op een, all Volle mat Destinatioun an Däitschland aus. Och um Tableau vun den Arrivéeën aus Richtung Däitschland gesäit et änlech aus. Déi aktuell Entwécklunge kënnt Dir live suivéieren op:

D'Direktioun fir Konsumenteschutz rappelléiert an deem Kontext och nach emol, datt concernéiert Fluchpassagéier och eng Rei Rechter hunn. Fir rauszefannen, wéi an a wéi engem konkreete Fall Dir vun dëse kënnt profitéieren, bitt d'Konsumenteschutz-Direktioun de sougenannte Passagéier-Rechter-Simulator un. Dëse fannt Dir hei.

Schreiwes vun der Direktioun fir Konsumenteschutz

Annulation de vols et droits des passagers aériens (10.03.2025)
Communiqué par : Direction de la protection des consommateurs 
 
En raison de la grève de 24 heures sur 11 aéroports allemands, un certain nombre de vols au départ de l’aéroport de Luxembourg à destination de l'Allemagne ont dû être annulés. La Direction de la protection des consommateurs tient à rappeler que le règlement (CE) n°261/2004 établit des règles communes en matière d'indemnisation et d'assistance des passagers en cas de refus d'embarquement, d'annulation ou de retard important d'un vol. Les passagers concernés par une annulation de vol ont donc le droit de demander à leur compagnie aérienne soit le remboursement du prix du billet initial, soit un vol de remplacement comparable, à leur convenance.

Pour en savoir plus sur les droits des passagers aériens, toute personne intéressée est invitée à consulter la page www.passagers.lu. Ce site propose notamment un simulateur de droits, un outil permettant de fournir aux consommateurs des solutions en fonction des situations suivantes: 

Vol retardé; 
Vol annulé; 
Vol en surréservation; 
Problème de bagage.