Op der Ettelbrécker Gare gëtt den Exercice "Plan d'urgence nombreuses victimes" gemaach. Simuléiert gëtt den Ëmgang mat Affer vun engem Zuchaccident.

Wéi et an engem gemeinsame Communiqué vu CGDIS, CFL an CHdN heescht, huet den Exercice dräi Ziler:

  • D'Pläng a Prozedure bei Interventioune vum CGDIS, den CFL an dem ChDN sollen evaluéiert ginn
  • D'Zesummenaarbecht tëschent den dräi Acteure soll getest ginn
  • D'Secouristen am Asaz solle mam Schinneverkéier a senge Spezifizitéite vertraut gemaach ginn

D'Übung wäert vun 8 bis 9.30 Auer op der Gare amgaange sinn an da vun 9.30 bis 10.30 Auer beim CHdN. Impressioune vum Exercice wäerten och RTL-Fotografen op der Plaz festhalen.

Änlech Exercicer gouf et beispillsweis d'lescht Joer am Tunnel Markusbierg

An der Vergaangenheet goufe scho mol änlech Exercicer gemaach,sou zum Beispill d'lescht Joer am Tunnel Markusbierg. Vu 7 bis 13 Auer war d'A13 tëschent den Echangeure Schengen a Munneref komplett zou. Getest gouf d'Reaktioun vun de Secouriste bei engem Autosbrand an engem Accident tëschent engem Auto an engem Motorrad am Tunnel.

Virlescht Woch hat de CGDIS en Asaz op den Tramsschinne geüübt.