D'Awunner hu fir 500 autofräi Stroosse gestëmmt

© AFP Symbolbild
Paräis wëll eng méi gréng Stad ginn, bis zu 500 zousätzlech Stroosse sollen autofräi a beplanzt ginn.
Dat ass d'Resultat vun enger Ëmfro, déi d'sozialistesch Buergermeeschtesch Anne Hidalgo an deem Kader lancéiert hat. Ëmmerhi 66% vun de Participatioune vun där Ëmfro waren dofir. Dobäi muss een ze bedenke ginn, dass vun den 1,4 Millioune Walberechtegte just 1,4% matgemaach hunn.
Wéi eng vun de bis zu 500 zousätzleche Stroosse fir de Projet a Fro kommen, soll am Abrëll an de jeeweilege Quartieren diskutéiert ginn.
Iwwerdeems déi eng Leit frou sinn iwwer d'Decisioun, de Foussgänger méi Plaz ze maachen a Paräis ze begréngen, ginn awer och d'Kriticken haart. D'Mesure suergt nämlech och dofir, dass bis zu 10% vun de Paräisser Parkplazen ewechfalen. Dat sinn ëmmerhin 10.000 Plazen.
D'Anne Hidalgo setzt sech zanter Joren dofir an, den Trafic an d'Loftverschmotzung an der franséischer Haaptstad ze reduzéieren. Elo scho si ronn 200 Stroossen zu Paräis autofräi, virun allem méi klenger an der Géigend vu Schoulen. Soss gëllt fir de Gros vu Paräis en Tempolimitt vun 30 Stonnekilometer, deen awer gréisstendeels ignoréiert gëtt.
Et ass net déi éischt Ëmfro an deem Genre, déi ënnert den Awunner organiséiert gëtt. Do virdru gouf schonn ofgestëmmt iwwer Locatiouns-E-Trottinetten an d'Erhéije vun de Parkingsfraise fir SUVen.
D'Ëmfro wier scho mol gemaach, ma beim Ëmsetzen heescht et nach Gedold hunn. Ob Paräis tatsächlech méi gréng gëtt, hänkt nämlech nach dovun of, wien déi nächst Kommunalwalen 2026 gewënnt an do wäert d'Anne Hildago no zwee Mandater net méi untrieden.