Chantier beim provisoresche Rond-point um Rouscht nach bis Mëtt Abrëll

© Domingos Oliveira / RTL
Hei handelt et sech ëm Ëmbauaarbechten op der Haaptkräizung um Rouscht, déi an e provisoresche Rond-point soll ëmgebaut ginn.
Der Gemeng zu Biissen no, huet de Chantier selwer de 17. Mäerz ugefaangen a soll bis de Weekend vum 18. Abrëll mol nach fir Behënnerungen am Trafic suergen. Am Ganze waren nämlech 4 Wochen uginn als Period vun den Aarbechten. Dëst krut RTL och op Nofro bei der Gemeng Biissen confirméiert.
Folgend Stroosse sinn dann och wärend där Zäit gespaart: Den CR115 Rouscht/Cruchten a Richtung Rouscht an den CR115 Biissen/Rouscht a Richtung Rouscht.
Weider Informatiounen iwwert d'Zirkulatioun vun de Busser op dëser Plaz wärend där Zäit ginn et hei!

Weider Detailer fannt dir um Site vun der Gemeng Biissen.