Vitess tëscht dem Echangeur Mënsbech an dem Cargo-Zenter op 90 km/h limitéiert

© RTL-Grafik (Archiv)
Op dem Stéck vu ronn 500 Meter op der A1 a Richtung Stad wäert d'Vitess an nächster Zäit op 90 Kilometer an der Stonn limitéiert ginn.
Grond dofir ass de schlechten Zoustand vun de Leitplanken. Bis dëse Problem behuewen ass, wäert d'Vitess direkt nom Dauerchantier op der Autobunnsbréck virun der Sortie Mënsbech op 90 Kilometer an der Stonn bleiwen.
D'Schreiwes vu Ponts et Chaussées
Vitesse maximale autorisée limitée à 90 km/h entre l’échangeur Munsbach et l’échangeur Cargo-Center de l’autoroute A1 en direction de Luxembourg à partir du mardi 8 avril 2025
Communiqué par : Administration des ponts et chaussées
En raison de l'état de dégradation avancé des glissières de sécurité, la vitesse maximale autorisée sera limitée à 90 km/h sur un tronçon de 500 mètres environ situé entre l’échangeur Munsbach et l’échangeur Cargo-Center de l’autoroute A1 en direction de Luxembourg.
Cette mesure sera maintenue jusqu'au remplacement des éléments.