Et war déi éischte Kéier, dass den ACL Oldtimermaart am Fréijoer organiséiert gouf, soss war dat ëmmer am Hierscht de Fall.

Beim Automobilclub stoungen e Samschdeg di klassesch Gefierer am Mëttelpunkt.  Et ass ewell di 4. Kéier, datt den ACL en Oldtimermaart fir seng Memberen organiséiert. Si kënnen hei e ganzen Dag laang hir al Autoen, déi si wëlle verkafen, engem breede Public presentéieren.
 
Eng 70 Oldtimer stoungenum Parking vum ACL zu Bartreng, alleguer haten en "Ze Verkafen" Schëld hannert dem Wischer. Di läscht Joren iwwer sinn ëmmer eng 1.500 Visiteuren op den Oldtimermaart komm.
 
Et ass déi éischte Kéier, datt dëst Evenement am Fréijoer organiséiert gëtt, erkläert de Frank Maas, dee beim ACL fir déi historesch Gefierer responsabel ass. Bis ewell war dëse Maart ëmmer am Hierscht, also no der Oldtimer-Saison. Deen neien Timing soll méi potentiell Keefer ulackelen.