Besonnesch no enger laanger Wanterpaus ass et fir d'Motorradsfuerer wichteg, sech nees u seng Maschinnen an d'Konditioune vun de Stroossen ze gewinnen.

Optakt vun der Motorradssaison / Reportage: Chris Meisch

Mat den éischte sonnegen Deeg am Fréijoer komme se nees zeréck op d‘Strooss. Rieds geet vun de Motorrieder. Schonn am Ufank un der Saison goufen et och dëst Joer deels schro Accidenter. Deemno ass et wichteg, no der Wanterpaus net nëmmen d‘Motorrad technesch ze iwwerpréiwen, ma och déi eege Reflexer sollten opgefrëscht ginn, fir gutt preparéiert an d‘Saison ze starten.

Opgrond vun der Unzuel u Motocyclisten, déi an de leschte Joren op eise Stroossen ëm d’Liewe koumen oder schwéier blesséiert goufen, ass et wichteg, sech ëmmer nees de Geforen op de Stroosse bewosst ze sinn. Besonnesch no enger laanger Wanterpaus wier et fir d'Motorradsfuerer wichteg, sech nees u seng Maschinnen an d‘Konditioune vun de Stroossen ze gewinnen, erkläert de Frank Maas vum ACL.

"Also wann d‘Saison rëm ugeet, muss ee bedenken, dass een net méi onbedéngt déi nämmlecht Reflexer huet wéi dat Enn vun der Saison virdru war. Dat heescht, et ass net méi onbedéngt fueren op dem nämmlechten Niveau an dofir ass et och wichteg, dass ee sech rëm lues a lues eruntaascht. Et muss een och bedenken, dass d‘Konditiounen och nach net esou gutt sinn. D'Asphalt-Temperature sinn nach net esou héich wéi dat villäicht am Summer ass, dat heescht, dofir ass d‘Haftung och net esou gutt, an et soll een och bedenken, dass déi aner Verkéiersteilnehmer net méi onbedéngt de Reflex vum Motorrad hunn." 

Eng vun de gréisste Gefore beim Motorrad fuere wier et, datt aner Gefierer een net gesinn, esou den Eric Mathias, Direkter vum Centre de formation pour conducteurs zu Colmer-Bierg. Deementspriechend réit hien, fir en helle Kask an hell Kleeder unzedoen, fir net esou séier iwwersinn ze ginn. Besonnesch gutt soll een dann och owes oppassen.

"Dat wichtegst ass d‘Sensibiliséierung, et soll ee sech bewosst sinn, wat ass säi Fuer-Kënnen? An dat wierklech net ze iwwerschätzen. Tëschent 17 an 19 Auer owes wa schéint Wieder ass, geschéie statistesch déi meescht schlëmm Accidenter. Dat ass well dann eeben déi Euphorie ass: 'oh elo hunn ech Feierowend, et ass schéint Wieder an elo kann ech mol bëssi fueren' an da fiert ee schnell iwwert seng Moyenen eraus." 

All Joer bitt de Centre de formation pour conducteurs zu Colmer-Bierg de "Fit for your bike" un, en Opwiermtraining fir all Motocyclisten, fir sécher an d‘Saison ze starten. Am ganze ginn aacht Ateliere proposéiert: Do geet et vum Bremsen, iwwer Auswäichmanövere bis hi bei d‘Ideallinn. Déi ass besonnesch a bestëmmte Kéiere wichteg:

"Wat villäicht bëssi nei ass, déi Markéierungen op diverse Motorradsstrecken am Land, wou mir dann op d‘Motorradssécherheetslinn hiweisen, dass virun allem d‘Gefor an der Lénkskéier wann een ze vill op der lénkser Fuerbunn sech beweegt a sech dann nach an d‘Lénkskéier era leet, dann ass ee mam Kapp op der Géigebunn. Dass mir dorop nach eemol hiweisen a mir hunn dee Marquage och op eisem Site, sou dass mir deen och kënnen üben."

Déi nächst zwee Rendez-vouse fir de "Fit for your bike" wieren awer ewell scho komplett ausgebucht. Dowéinst gëtt dëse Samschdeg ee weidere Motorradscours ugebuede, wou nach e puer Plaze fräi wieren, sou den Eric Mathias.

Wie säi Fuer-Kënnen nach eemol opfrësche well, ka sech fir dëse Samschdeg um Site vum Centre de formation pour conducteurs am viraus umellen.