Eng RTL-Ekipp huet zwee Techniker bei hirer Nuetsaarbecht am Tram-Atelier um Kierchbierg begleet.

Si si faarweg, spille bei all Arrêt kuerz Melodien, a féieren d ‘Passagéier mëttlerweil vum Stadion bis bei de Findel. Zanter 2017 huet sech d Bild vun der Stad Lëtzebuerg doduerch verännert.

Vun 4 Auer Moies u bis kuerz virun h fueren am Ganzen 33 Gefierer, op ronn 16 Kilometer Streck. An déi musse reegelméisseg gebotzt, kontrolléiert a gefléckt ginn. D’ Aarbechte fanne virun allem nuets statt. Also dann, wann d’ Trammen am Schapp stinn.

Dann kommen ënnert anerem de Leo Medina (36 Joer) an de Cyprien Kergroach (33 Joer) an den Asaz. Si sinn Deel vun der technescher Ekipp, déi sech ëm d’ Maintenance vun de Gefierer, also d’ Tramme, këmmeren. Vu Brems-Tester bis hin zu futtissen Dieren, alles kann nuets um Schaff-Plang stoen.