Liichtsënnegst Chauffeuren an Europa: Lëtzebuerg op Plaz 4

D'Schwäizer Websäit vignetteswitzerland.com analyséiert hei offiziell europäesch Donnéeën.
Bei de Statistiken, déi analyséiert goufen, gehéieren déidlech Accidenter, Alkohol vum Steier, Vitess op den Autobunnen, Handy um Steier oder kee Gurt un.
Lettland féiert d'Lëscht mat engem Recklessness Score vu 75,83 un. Hei sinn et eng alarméierend 43,6% vun de Chauffeuren, déi zouginn, hir Handyen ze benotze beim Fueren.
Éisträich kënnt op zweeter Plaz mat engem Score vun 73,33. Méi wéi ee vu fënnef Chauffeuren (22,1%) gëtt zou, nom Alkoholkonsum Auto ze fueren an 68,8% iwwerschreiden d'Vitesslimitt op den Autobunnen.
Griicheland kënnt op déi drëtt Plaz mat engem Score vun 70,00. Hei ass de Prozentsaz vu Chauffeuren, déi kee Gurt undoen (27,7%) am allerhéchsten.
Lëtzebuerg läit op der véierter Plaz mat engem Score vu 65,83, huet deen héchste Prozentsaz an Europa vun de Chauffeuren, déi zouginn, nom Alkoholkonsum ze fueren (37,2%) an op den Autobunnen ze séier ënnerwee ze sinn. (79,3%).
Ënnert eisen direkten Noperen sinn déi belsch Chauffeuren op der néngter Plaz, déi am meeschte liichtsënneg sinn.
D'Fransouse kommen op Plaz 18 am Ranking, just virun den Däitschen op der 19. Plaz.
