Vun der Spärung vun der A7, bis zu deem Ament, wou den Trafic nees duerch d’Tübe leeft: eng Nuetsschicht am Tunnel Grouft.

Zweemol d’Joer ginn an den Tunnellen hei am Land Maintenance-Aarbechte gemaach. An dat ëmmer Nuets, fir de (Beruffs-)Verkéier esou wéineg ewéi méiglech ze beanträchtegen. Nach bis den 9. Mee gëtt op der A7 an den Tunnelle Grouft a Stafelter geschafft. Nieft de Maintenance- a Botzaarbechte ginn hei och d’Läschsystemer ersat.

Kuerz virun 20 Auer geet et lass: Wärend d’P&Ch-Ekipp vum Potaschbierg, geleet vum Pit Jemming, nämlech fir d’Spärung vun der A7 virum Tunnel Stafelter Richtung Norden zoustänneg ass, blockéiert zu Luerenzweiler d’Divisioun vu Miersch den Accès fir an den Tunnel Grouft.

Dann eréischt, géint 20 Auer, däerfen déi verschidde Firmen an d’Tüben eran. Wéi ënnert anerem den Arthur Bernatek a Kim Guedes, Techniker bei Paul Wagner & Fils. Hir Nuetsschicht geet da bis kuerz viru 5 Auer.

Dann nämlech huelen erëm d’Ekippe vun de Ponts et Chaussées d’Relève. Den Agent des domaines (Cantonnier) an an dësem Fall, Chef de Brigade vu Miersch, Claude Jans, mécht eng lescht Kontroll duerch d’Tunnellen a gëtt dann de Go, fir datt de Verkéier nees lafe kann.

Eng RTL-Ekipp huet sech eng Nuecht laang ugekuckt, wat genee wärend de Nuetsaarbechte geschitt, kontrolléiert a gebotzt gëtt, a wéi Ponts et Chaussées fir d’Sécherheet vun den Ekippen op der Plaz suergen.
 
Weider Episode vun der Serie Nuetsschicht fannt Dir hei.