Maart vun Neiween an der EU hat e schwaache Start an d'Joer

D'Wierk vu BMW zu München / © Photo by Christof STACHE / AFP
Déi éischt dräi Méint vum Joer waren net immens fir den Autosmarché an der EU.
De Maart vun den Neiween an der EU huet sech am éischte Quartal vum Joer schwaach entwéckelt. Am Verglach mam selwechten Zäitraum vum leschte Joer goufen 1,9 Prozent manner nei Autoen ugemellt, esou d'Federatioun vun den europäeschen Autoshiersteller Acea en Donneschdeg. De Verkaf vun E-Autoen an Hybriden ass däitlech geklommen, ma an deem Secteur huet awer den US-Hiersteller Tesla massiv un de Maartundeeler verluer.
Am Verglach mam leschte Joer goufen 23,9 Prozent méi E-Autoen verkaf. D'Zuel klëmmt op 413.000. Domadder hunn d'E-Autoen e Maartundeel vu 15,2 Prozent, verglach mat 12 Prozent am éischte Quartal 2024. An Däitschland ass d'Hausse mat 38,9 Prozent besonnesch staark. Dat läit awer och virun allem drun, datt am nämmlechten Zäitraum zejoert d'Verkeef wéinst dem Auslafe vum Bonus beim Kaf vun engem E-Auto agebrach waren.
D'Zuel vun den Hybrid-Autoen, déi nei zougelooss goufen, läit Acea no bei 20,7 Prozent. Mat 35,5 Prozent hat dëse System de gréisste Maartundeel am éischte Quartal. Ma grad a Frankräich (47,5 Prozent) an a Spuenien (36,6 Prozent) sinn d'Verkeef geklommen, ma och an Italien oder Däitschland war de Wuesstem am Verglach mam leschte Joer zweestelleg. Plugin-Hybride hunn ëm 1,1 Prozent zougeholl an hunn elo e Maartundeel vu 7,6 Prozent.
Diesel a Bensinner verkafe sech dogéint däitlech méi schlecht wéi nach am leschte Joer. A Frankräich ass d'Zuel vun dësen Autoen, déi nei ugemellt goufen, ëm 34,1 Prozent zeréckgaangen, an Däitschland ëm 26,6 Prozent. Bensinner kommen an der EU nach op e Maartundeel vun 28,7 Prozent an Dieselen op 9,5 Prozent.
Den Trend no Ënne vun Tesla geet da weider. No massive Réckgäng vu Verkeef am Januar a Februar gouf et am Mäerz eng weider Kéier e Minus, dat vu 36 Prozent. Am ganzen éischte Quartal vum Joer huet d'Entreprise vum Elon Musk, deen och Beroder vum US-President Donald Trump ass, Acea no 45 Prozent manner nei Autoe verkaf wéi dat nach am selwechten Zäitraum 2024 de Fall war.
D'Entreprise hat en Dënschdeg matgedeelt, datt de Gewënn ëm 71 Prozent zeréckgaangen ass. Den Elon Musk hat doropshin annoncéiert, datt hie säi politescht Engagement zeréckschrauwe géif. Tesla hat wéinst dem Musk senger ëmstriddener Roll an der Regierung vum Donald Trump a seng Ënnerstëtzung vun extreem rietse Parteien an Europa e massiven Imageschued erlidden. Weider huet Tesla mat der Konkurrenz, déi däitlech méi staark gouf, ze kämpfen. Well och déi aner Autoshiersteller hu bei der Technologie opgeholl.