Weltwäit louch den Undeel un neien elektreschen Autoen am éischte Quartal 2025 bei ronn 25 Prozent: den héchsten Undeel um Marché, dee jee gemooss gouf.

Wéi et an enger neier Analys vun der Berodungsentreprise PwC heescht, war an den éischten dräi Méint vum Joer all véierten Auto, dee verkaf gouf, elektresch. An Zuele sinn dat 2,7 Millioune reng Elektroautoen an 1,4 Millioune Plug-In-Hybriden, wat zesumme par-Rapport zu den am Ganze 16,7 Milliounen Autoen, déi verkaf goufen, een Undeel vu ronn 25 Prozent mécht. Dat ass den héchsten Undeel um Marché, dee jee gemooss ginn ass.

Fir d'Analys ware 40 verschidde Marchéen, déi de Groussdeel vun de weltwäite Verkeef vun neien Autoen ausmaachen, ënnersicht ginn. Virun allem reng Elektroautoen hu mat engem Plus vun 42 Prozent staark zougeluecht. Wéi och schonn an de Méint virdru war fir dëse Wuesstem virun allem China responsabel, wou d'Zuel u rengen Elektroautoen ëm 55 Prozent op 1,6 Millioune geklommen ass. An Europa ass dës Zuel ëm 28 Prozent op 574.000 Stéck eropgaangen.