Vun e Freideg bis e MéindegDiddelenger Autobunn tëscht dem Gaasperecher a Beetebuerger Kräiz gespaart

RTL Lëtzebuerg
Ponts et Chaussée notzt de verlängerte Weekend, fir gréisser Aarbechten op der A3 ze maachen.

D’Autobunn a Richtung Frankräich wäert nämlech an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg vun 0:00 Auer u gespaart ginn. Deen Ament kënnt een net méi, wann een a Richtung Stad wëll fueren, vum Beetebuerger Kräiz aus op d’A3. Zwou Stonne méi spéit, um 2 Auer, geet d’Bunn dann och a Richtung Frankräich zou, datt vum Gaasperecher Kräiz un.

Och d’Opfaart Léiweng wäert zu de genannten Zäitpunkte fir den Trafic zougemaach ginn.

Vum Beetebuerger Kräiz aus leeft d’Deviatioun iwwer d’A13 a Richtung Esch, dann iwwer d’Jonctioun Esch op d’A4 a Richtung Stad an do um Zéissenger Kräiz nees op d’A6 a Richtung Gaasperecher Kräiz. D’Deviatioun vum Gaasperecher Kräiz leeft den ëmgedréinte Wee iwwer d’A6, d’A4 an d’A13 zeréck op d’Diddelenger Autobunn.

Vun der N31 aus muss een iwwer Biereng fueren an dann do d’A13 huelen, fir op Metz respektiv an d’Stad ze kommen. Et bleift nach z’erwänen, datt d’Statioune vun der Aire de Berchem schonn en Donneschdeg géint 21.30 Auer wäerten zoumaachen an e Méindeg nees um 5 Auer opginn.

Wéinst de Virbereedungen ass et awer och duerchaus méiglech, datt et schonn éischter zu Perturbatiounen am Trafic ka kommen.

D’Schreiwes vu Ponts et Chaussées

Chantier sur l’autoroute A3 entre la Croix de Gasperich et la Croix de Bettembourg du jeudi 08.05.2025 vers 24h00 au lundi 12.05.2025 vers 05h00 (06.05.2025)
Communiqué par : Administration des ponts et chaussées

PDF: D'Kaart am Detail

Back to Top
CIM LOGO