Wéinst dem Bau vun engem Rond-point zu Räichel sinn d'Rue de Bettborn an d'Rue d'Ospern vum 21. bis den 28. Mee gespaart.

Méi genee gëtt en neie Rond-point zu Räichel gebaut, bei deem d'Nationalstroossen N12/N22 an N23 zesummelafen. Wéinst deem Chantier ginn d'Rue de Bettborn (N12) an d'Rue d'Ospern (N23) vun e Mëttwoch dem 21. Mee um 22 Auer bis e Mëttwoch den 28. Mee um 17 Auer gespaart.

De Verkéier, dee vun der Rue de Saeul (N12) an der Rue de Redange (N22) kënnt, gëtt duerch Rout Luuchte gereegelt.