Vun der Stad aus a Richtung Rodange, Tréier an Arel wäert een op Ersatzbusser mussen an der nächster Woch ëmklammen.

Wärend der Péngschtvakanz gëtt op direkt e puer Zuchstrecke geschafft. Geplangt si Maintenance-, Modernisatiouns- an Extensiounsaarbechten, wéi d’CFL schreiwen. Et fueren deemno keng Zich op der Linn Lëtzebuerg Rodange, dat tëscht Beetebuerg an Esch. Dann och nach op der Linn Lëtzebuerg an Tréier si keng Zich tëscht der Stad an Éiter ënnerwee, esou wéi och tëscht Lëtzebuerg an Arel, wou op der ganzer Streck keng Zich agesat ginn.

Dat vun dësem Samschdeg un a bis den 1. Juni nach mat. An där Zäit fueren Ersatzbusser. Weider Informatioune ginn et op cfl.lu