An enger éischter Phas ass den Zougang zum neie Parkhaus op der Dikrecher Gare gratis.

Weider Detailer zu den zukünftegen Tariffer ginn zu engem spéideren Zäitpunkt matgedeelt, heescht et vun der Dikrecher Gemeng.

Virun zwee Joer war mat den Aarbechten um 14,5 Meter héije Parkhaus ugefaange ginn, dëst op engem Terrain vun alles an allem 51 Ar. Et ass dëst um fréiere Parking vun den CFL, respektiv dem fréiere Parking vun der Natur- a Forstverwaltung. Den Terrain läit an engem Iwwerschwemmungsgebitt, wouduerch hei de Choix op en oppent Parkhaus mat 9 Etage gefall ass. Et gouf dann och e Retentiounsbaseng fir Reewaasser installéiert, wou 61.000 Liter Waasser gesammelt kënne ginn.

Vun de 649 Parkplaze sinn der 150 fir d'CFL a fir d'ANF reservéiert, déi duerch de Bau vum Parkhaus hir respektiv Parkplaze jo verluer haten.

Et gouf dann och un d'Elektromobilitéit geduecht, well net manner wéi 60 Elektroborne goufen installéiert. Um Daach gouf eng grouss Photovoltaik-Anlag installéiert.

Fir dass net einfach just e grousse Betonsblock nieft der Gare steet, sinn eng Partie Gréngfläche geplangt. Happ, Klematis a Wäiriewe sinn hei ugeduecht.

Duerch déi nei Offer vum Parkhaus soll den Auto an Dikrech manner attraktiv ginn an d'Leit sollen animéiert ginn éischter ze Fouss an d'Stad ze trëppelen. Dëst ass Deel vum Dikrecher Verkéierskonzept

RTL

© Marc Hoscheid

Gesicht gouf en Numm fir d'Parkhaus

Am Mee hat een och en Opruff iwwert d'sozial Medie gemaach, dass d'Leit hir Propose kéinten eraschécken, wéi een Numm d'Parkhaus soll kréien. Bis de 6. Juni hat een Zäit dat ze maachen. De Schäffen- an de Gemengerot sichen dann aus all de Propositiounen de beschte Virschlag eraus, esou dass d'Parkaus säin Numm fir déi offiziell Aweiung no der Rentrée am September soll hunn.