Déi grouss Tech-Konferenz Nexus mat Dausende vu Visiteuren, Entreprisen a KI-Expertë kënnt e Mëttwoch op en Enn.

Mir kruten demonstréiert, wéi d'Mobilitéit vun der Zukunft mat Autoen, déi vum selwe fuere funktionéiert.
 
Iwwer zwee Deeg si gutt 7.000 Visiteuren op der Tech-Konferenz Nexus um Kierchbierg vertrueden. Ënnert hinnen och Pony.AI. D’Entreprise, déi och op der amerikanescher Bourse gehandelt gëtt, gouf virun allem duerch hir autonom Taxie bekannt. En Taxi also ouni Chauffer. De CEO a Grënner, den Dr James Peng, erkläert : "Ëm wat geet et beim Fueren? Beim Fuere geet et drëm, d’Ëmfeld op sech awierken ze loossen an Decisiounen ze huelen, wéi ee mat sengem Ëmfeld: also Autoen a Foussgänger interagéiert. Mat de KI-Algorithmen, déi mer benotzen, detektéiere mer alles ronderëm eis a fannen eraus, wéi een am beschten interagéiert. Fir méi sécher, komfortabel an ekologesch duerch den Dag ze kommen."

Och d’EU gëtt méi oppe fir autonoomt Fueren

Mat de sëllege Sensoren um Auto gëtt mat kënschtlecher Intelligenz eng detailléiert 3D-Kaart produzéiert. Aktuell huet PonyAI eng 270 Robo-Taxien a chineesesche Groussstied am Asaz. D’Zil sinn iwwer 1.000 vun dëse Gefierer bis Enn dës Joers. Wärend an den USA virun allem Tesla de Marché dominéiert, probéiert d’Entreprise, déi och e Sëtz zu Lëtzebuerg huet, hir Technologie op den europäesche Marché ze kréien. "De legale Kader an der EU ass am Gaange sech ze änneren a méi oppe fir autonoomt Fueren ze ginn" esou den James Peng. "Ech ka mer virstellen, datt a 5 bis 10 Joer, also ganz geschwënn, déi éischt autonom Autoen op de Stroosse wäerte fueren."

Aktuell sinn eng 580 KI-Entreprisen, dorënner vill aus dem wäiten Ausland, zu Lëtzebuerg vertrueden. Eng Zuel, déi extreem séier klëmmt. Ma dat huet säi Grond, esou de Mario Grotz, Direkter vu Luxinnovation. D’Agence huet d’lescht Joer bal 900 Entreprisen dobäi gehollef, fir ze am Grand-Duché nei opzestellen: "A verschiddene Beräicher hu mer iwwert d’ëffentlech Fuerschung haut Kompetenzen opgebaut, déi notamment och am Beräich vun der artifizieller Intelligenz sinn. Mir hunn e Cybersecurity Hub am Beräich vun der Fuerschung. Mir hunn e Mobility-Hub am Beräich vun der Fuerschung. Mir mussen all déi Argumenter mateneen notzen, fir attraktiv fir Entreprisen ze sinn."

Taxie vu Pony.AI ginn och zu Lëtzebuerg getest

Zu Lëtzebuerg ginn d’Taxie vun Pony.Ai an enger Kollaboratioun mat Emile Weber* den Ament getest. Fir den James Peng ass kloer, datt d’Technologie och lues a lues bei de Leit gutt ukënnt: "D’Perceptioun vun de Leit ass amgaang sech ze änneren. Am Ufank hunn d’Leit eis Autoe ugekuckt a gefrot, wat dat wier. Haut ass et ëmmer méi «business a usual»".

De Chauffeur hannert dem Steier, och wann den Auto vum selwe fiert, bleift aktuell awer nach obligatoresch. D’Fro ass wéi laang nach.

*An enger ursprénglecher Versioun hate mir och vun Uber geschwat. Uber an Emile Weber kollaboréieren awer just um Niveau vun der Zesummenaarbecht mat Webtaxi.