Präisser géinge sech stabiliséiere respektiv erofgoen
D’Zuel un Elektrogefierer bei de privaten Notzer hëlt zu Lëtzebuerg weider zou.
Wärend a verschiddene Länner d’Verkafszuele liicht zeréckginn – bleift Lëtzebuerg quasi eng Héichbuerg fir d’Elektromobilitéit. Mee passt esou e Gefier wierklech a mäi Liewensstil, respektiv wat sinn déi nei Entwécklungen – och bei de Batterien?
Et si vill Froen, déi sech stellen: an deem Kontext huet den ACL en Open-Day fir d’Elektromobilitéit organiséiert, fir transparent iwwert déi Developpementer ze informéieren. De Constat bei ville Clienten ass, esou de Frank Maas vum ACL, datt d'Präisser amgaange si sech ze stabiliséiere respektiv erofzegoen.
«Et ass esou, datt d’Constructeuren am Ufank hu vill missen investéieren fir déi nei Technologie. Dofir waren am Ufank vill héichrangeg Autoen um Marché, déi och deementspriechend deier waren. An de leschten 2 Joer huet dat sech kloer geännert. D’Präisser hu sech stabiliséiert a sinn deels erofgaangen. Vill Constructeure proposéiere mëttlerweil och méi kleng a virun allem méi gënschteg Autoen.»
Fir weider opzeklären, ass en nächst Event den 19. Oktober an der Coque geplangt.