Mam Optakt vun der Vakanzesaison verschléit et deen een oder aneren op de Findel, fir vun do aus an d’Vakanz ze fléien.

Wann alles riicht leeft, ass alles gutt. Mee wat kann ee maachen, wann e Vol Retard huet oder esouguer ausfält? Wann d’Wallis net ukënnt?

Sécher ass: Passagéier hu Rechter. A wann eppes net esou geet wéi et soll, da gëllt prinzipiell, dass de concernéierte Passagéier sech bei der Fluchgesellschaft oder der Agence soll mellen. Ofhängeg vum Probleem ginn et verschidden Uspriechpartner.

Bei Annulatiounen a Retarde soll ee sech un de sougenannten "National Enforcement Body" (NEB) wenden, bei Probleemer mam Gepäck un den Europäesche Konsumenteschutz (CEC) a bei Pauschalreesen un de Lëtzebuergesche Konsumenteschutz (ULC). Sollt een iertemlecherweis dee falschen Uspriechpartner uschreiwen, da kommunizéiere si ënnerteneen a leeden de Message virun.

Fir et dem Client méi einfach ze maachen, gouf op MyGuichet en neie Formulaire ausgeschafft. Mat der Digitalisatioun soll alles méi einfach an accessibel ginn.

Retarden an Annulatioun  

Bei Annulatiounen ass et prinzipiell esou, dass ee soll e Remboursement oder en neie Vol amplaz kréien. Nieft dem Remboursement huet de Passagéier eventuell och eng Entschiedegung zegutt. Bei engem kuerze Vol sinn dat bis zu 250 Euro, bei engem laange Vol baussent der EU bis zu 600 Euro.

Eng Entschiedegung huet de Passagéier awer nëmmen ze gutt, wann et och d’Schold vun der Airline ass.

Ier ee sech beim NEB beschwéiert, soll de Client et fir d’éischt bei der Airline probéieren an hinnen en Delai vu 60 Deeg loossen. Wann ee bis da keng Äntwert krut oder net zefridden ass mat der Äntwert, dann ass den NEB de richtegen Uspriechpartner.

Wallis ze spéit oder verluer?  

A puncto Bagage goufen et d’lescht Joer 81 Dossiere beim Europäesche Konsumenteschutz deposéiert. Jee nodeem kann de Passagéier och e Remboursement kréien, ofhängeg dovun, op d’Gepäck verluer ass, Retard huet, oder beschiedegt ass. Do ginn et awer och Ausnamen. Besonnesch wäertvoll Objete soll een net an d’Wallis paken, mee éischter bei sech halen, well dat gëtt net onbedéngt rembourséiert.

Am beschten ass och, dass ee virum Vol eng Foto vun der Wallis mécht; falls se sollt verluer goen, da kéint een noweisen, wéi se ausgesäit.

Och do gëllt: et fir d’éischt um Flughafen deklaréieren, a probéieren, de Probleem do ze léisen.

Pauschalreesen  

Bei Pauschalreese sinn et zejoert 47 Dossiere ginn, dëst Joer ginn et der bis elo 15. Do heescht et, de Kontrakt am Viraus liesen, am Detail, fir dass wärend der Rees oder kuerz virdru keng béis Iwwerraschunge kommen. Well d’Agencen zum Beispill kënnen de Kontrakt modifiéieren, ma och dat huet Limitten.

Generell gëllt: sech virun der Rees esou gutt et geet informéieren an déi néideg Dokumenter preparéieren, den Dag vum Vol mat Zäiten um Flughafe sinn, an no der Arrivée mat der Airline schwätzen, wann eppes net esou geklappt huet, wéi et soll. Um Findel gëtt och opmierksam gemaach op Passagéierrechter mat engem Infostand, dee steet eng Woch do. Soss goufen nach Panneaue preparéiert, déi d’Passagéier op hir Rechter opmierksam maachen.