Zanter ronn enger Woch leeft an dräi Stater Quartieren ee Pilotprojet, fir den Trafic aus de Wunngebidder erauszekréien.

Betraff sinn Hollerech, de Lampertsbierg a Märel. Ma d'Ännerunge féieren awer virop zu Märel zu deels ganz chaoteschen Zeenen, well vill Automobilisten zum Beispill dee falsche Wee duerch Sens-uniquë fueren an dat suergt fir Onzefriddenheet bei de Residenten. Déi Gemengeresponsabel huelen d'Kritik seriö a wëllen elo reagéieren.

Déi erlaabten Héchstvitess gouf vu 50 op 30 erofgesat, eng Partie baulech Mesuren, wéi zum Beispill déi sougenannt "Berliner Kissen", goufe realiséiert an d'Verkéiersféierung gouf geännert. Um Lampertsbierg, zu Hollerech an zu Märel mussen d'Automobilisten zanter kuerzem mat enger Partie Ännerungen eens ginn. D'Demande no Verännerunge wier vun de Residentë selwer komm. D'Haaptzil besteet doranner, den Duerchgangstrafic aus de Quartieren erauszekréien.

De Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt:

"Dat ka sinn, een deen aus der Belsch bei der Areler Strooss zu Stroossen vun der Autobunn eroffiert, da vläicht d'Rue du Kiem hëlt oder d'Areler Strooss, dann d'Rue des Aubépines, Rue de la Barrière, Märeler Rond-point, fir op d'Cloche d'Or. Do soe mer, en hätt d'Méiglechkeet, zu Hollerech erauszefueren, Autobunn oder carrément op der Cloche d'Or, an net duerch d'Quartieren ze fueren." 

Besonnesch betraff ass d'Rue de la Barrière, duerch déi a 24 Stonnen Dausenden Autoe fueren, vun deenen déi meescht awer näischt an der Strooss selwer ze sichen hunn. Ma d'Ännerunge bewierken awer net onbedéngt eng Verbesserung. Aktuell zielen hei Pensionären am Optrag vun der Stad Lëtzebuerg, wéi vill Chauffere géint de Code de la route verstoussen. Eleng an engem Dag wieren et der méi wéi 250 gewiescht. Eng Situatioun, déi d'Residentë staark belaaschte géing.

"De Moie war nach eng Fra hei, déi huet gekrasch, well déi huet gesot, zanter dat hei ass, ass guer keng Liewensqualitéit méi. An ech muss effektiv och soen, am Moment fueren duerch déi kleng Quint-Strooss Camione mat engem duebele Laster, wat extrem Kaméidi mécht. A wat se nach gemaach hunn, an där enger Strooss hu se een Zebrasträifen ewechgeholl, wou d'Kanner ëmmer iwwer d'Strooss gaange sinn, wa se an d'Schoul gaange sinn, well hei sinn och vill Schoule ronderëm", zielt eis d'Pensionärin Mady Kerschen.

Nieft den Autoe schéngen och d'Dreckscamionen an d'Busser vun der Gemeng deels hier Problemer mat den neie Reegelen ze hunn. An och net all Chauffer mat engem CD-Nummereschëld géing de Code de la route ganz seriö huelen.
De Gemengeresponsabelen no kënnt d'Kritik quasi eenzeg an eleng vu Märel. Déi géing een och ganz seriö huelen an et wäert ee schonn an deenen nächsten Deeg reagéieren.

"Hei musse mer lo soen, et ass wierklech net gutt, do si lo am Summer och vill Kanner a verschiddene Stroossen, well mer do Foyeren hunn, d'Aktioun Bambësch start a vill Bussen. Dat heescht, et gëtt ganz enk. Dofir musse mer dat mol zeréckhuelen an nach eng Kéier nei analyséieren, vläicht och mat de Leit kucken, ech mengen do hu sech awer vill Leit am Quartier selwer och Gedanke gemaach. Och wa mer virdru mat de Leit geschwat hunn, erreeche mer da lo mengen ech vill méi, well se et lo richteg erlieft hunn.", sou nach de Patrick Goldschmidt.

De Pilotprojet ass op 6 Méint ugesat. An engem nächste Schrëtt sollen änlech Mesuren zu Bouneweg, op der Gare an um Belair ëmgesat ginn.