Am Summer 2026: Luxair flitt 9 nei Destinatiounen un

© AFP
D'Luxair huet dës Woch annoncéiert, datt si fir d'Summersaison 2026 néng nei Destinatiounen an hire Fluchplang ophëlt.
Néng nei Destinatiounen a sechs verschiddene Länner
Vum Fréijoer 2026 u sinn néng nei Volle geplangt:
Spuenien: Girona, Alicante a Bilbao
Portugal: Porto Santo
Griichenland: Zakynthos an Araxos
Tunesien: Tunis
Groussbritannien: Edinburgh
Finnland: Helsinki
Déi éischt Flich si fir Enn Mäerz 2026 programméiert.
Mat neie Fliger méi flexibel
Fir déi nei Destinatiounen ofzedecken, plangt d'Luxair och en Ausbau vun der Flott. Nieft de Boeing- an Havilland-Maschinne sollen ab 2026 och nei Embraer E195-E2 benotzt ginn. Dëst géif fir méi Flexibilitéit suergen,schreift d'Airline an engem Communiqué.
2024 konnt d'Luxair iwwer 2,6 Millioune Passagéier zielen, e Plus vun iwwer sechs Prozent. Besonnesch d’Vakanzeflich hunn zougeholl. Dat ass een Trend, deen d’Fluchgesellschaft weider notze wëll. Mat insgesamt 97 Destinatiounen am Summer 2026 huet een déi gréissten Offer an der Geschicht vun der Airline.