
Vun engem Lieser si mir op dës kromm Linnen opmierksam gemaach ginn. Et ass am Park tëscht Keel an Téiteng.
De Gemengepapp Jean Weiler erkläert op Nofro, dass dës express esou agezeechent goufen.
Et ass en éischten Test, fir déi duuss Mobilitéit an der Gemeng ze fërderen.
Déi éischt Linn, déi elo agezeechent gouf, wier en Test. Et wier net als Trennung geduecht, mee fir d’Foussgänger duerch d’Uertschaft ze féieren. D’Gemeng Keel-Téiteng hätt vill flott Plazen, esou de Buergermeeschter. Piktogrammer géifen an den nächste Wochen nach dobäikommen an esou de Leit hëllefen, d’Konzept besser ze verstoen.
D’Kanner géife sech zum Deel um schife Stréch ameséieren, mat der Trottinett drop fueren. Deen een oder anere Vëlosfuerer fënnt et “egal wat” an huet och schonn op der Gemeng reklaméiert.