De 15. September geet op der Gare um Houwald een zweete Quai op
Zanter 2017 ass d'CFL-Gare um Houwald a Betrib. Bis ewell hat dës just ee Quai, ma vum 15. September u soll een zweeten derbäi kommen.
De Chantier ass zanter Januar d'lescht Joer amgaangen. An deenen nächste knapp zwee Méint wäerten d'Aarbechten dann och permanent weiderlafen. Wann de Projet bis fäerdeg ass, soll en dozou bäidroen, d'Potenzial bei de Passagéier weider an d'Luucht ze schrauwen.
De Quartier Houwald ass an deene leschte Jore massiv gewuess an déi Entwécklung dierft och nach esoubal net ophalen. Do passt et an d'Bild, datt och d'Gare ausgebaut gëtt. Bis elo goufen déi al Catenairen, d'Signalisatioun an d'Gleiser ofmontéiert. Op 900 Meter ginn 2,7 Kilometer Gleis ersat. Aktuell ass ee mat der sougenannter Plattformsaarbecht amgaangen, wou d'Terrassementer gemaach ginn. Deen neie Quai wäert quasi ee Spigelbild vun deem éischte ginn, ma et kommen awer och Neierungen, wéi den David Da Silva Pereira, Ingenieur chargé d'Affaires bei den CFL, erkläert.
"Et kënnt eng Y-Trap mat engem grousse Lift an eng Trap op d'Passerell, déi de Cactus-Houwald mat der Gare routière verbënnt. D'Rulltrape komme méi spéit, do musse mer waarden, bis d'Ponts et chaussées hir Bréck fäerdeg hunn, fir do Levéen ze maachen. A soss, alles wat de Client um Quai braucht, wäert dann och sou ekipéiert ginn."
Mëtt September wäerten d'Aarbechten op der Gare um Houwald awer nach laang net fäerdeg sinn. Wärend deen neie Quai dann opgeet, gëtt deen alen zougemaach. Dëse gëtt da réischt am Mäerz d'nächst Joer nees a Betrib geholl. Dat awer nach net fir d'Zich vun der Neibaustreck tëscht der Stad a Beetebuerg, déi am September 2027 opgoe soll. De Marc Hoffmann ass den Direkter vun den Infrastrukture bei den CFL an erkläert, wat d'Zil vun deenen Aarbechten ass.
"D'Zil ass, fir datt a Richtung Frankräich zum Beispill à terme 8 Zich pro Stonn an all Richtung kënne fueren. A bei deem ganzen Ausbau vun der Gare um Houwald, mee och soss iwwerall, sinn och méi laang Quaie geschaaft ginn, datt mer och méi laang Zich kënne fueren. Dat heescht, net nëmme méi Zich, mee och méi laang Zich. Domadder kënne mer herno am Fong duebel esou vill Leit transportéiere wéi haut nach op där Streck."
Déi nei Zich hunn eng Längt vun 250 Meter a bidden 1.000 Passagéier Plaz. An all Richtung wieren dat also 8.000 Sëtzplaze pro Stonn. De Käschtepunkt vum Chantier um Houwald läit bei 100 Milliounen Euro.