D'Frontalieren am franséische Grenzgebitt dierfe sech iwwert en neie P&R freeën, deen iwwerdeems och nach komplett gratis ass.

Dëse ass den 2. September d'lescht Joer opgaangen an ass net wäit ewech vun der Gare zu Lonkech. Finanzéiert gouf de Parking esouwuel vu Frankräich, ewéi och vu Lëtzebuerg. Et ass Plaz fir 640 Autoen. D'Frontaliere kënnen dann zu Lonkech den Zuch huelen, fir 37 Minutte méi spéit op der Stater Gare unzekommen.

Ageweit gouf den neie Park & Ride e Freideg de Moien.

Weider Informatiounen, wéi een Accès op dee Parking kritt, ginn et bei de Kolleege vun infos.rtl.lu.