A méi Bundeslänner an Däitschland ass vum 4. August un nees e sougenannte Blëtzer-Marathon. Bis den 10. August gëtt verstäerkt d’Vitess kontrolléiert.

D’Police vun Tréier huet scho wësse gedoen, och matzemaachen.

Well an de meeschte Bundeslänner nach Schoulvakanz ass, riicht sech de Fokus dës Kéier virun allem op de Pendler- a Vakanzentrafic, grad ewéi op d’Motorrieder.