E-Scooter, Liwweranten a Schoulstroossen: d'Yuriko Backes gëtt Prezisiounen

© Photo by MICHAEL BRANDT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Op Nofro hin huet d'Yuriko Backes d'Regierungspositioun zu E-Scooteren, Liwweranten a Sécherheetsmoossname ronderëm Schoulen erkläert.
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet an hiren Äntwerten op dräi parlamentaresch Froen d'Positioun vun der Regierung zu verschiddenen Aspekter vun der Stroossesécherheet presentéiert. D'Theme ginn dobäi vu Sécherheetsmesure fir E-Scooteren iwwer d'Risike fir Liwwerante bis bei d'Verkéiersberouegung ronderëm Schoulen.
E-Scooter si mat Vëloe gläichzesetzen
Am Kontext vun den E-Scooteren huet d'Ministesch de Piraten-Deputéierte Marc Goergen drop higewisen, datt dëst Gefier zanter Dezember 2020 am Code de la Route als "micro-véhicule électrique" definéiert gëtt, well et mat maximal 25km/h ka fueren. Duerfir gëlle fir E-Scooter grondsätzlech "déi selwecht Reegele wéi fir de Vëlo", sou d'Yuriko Backes.
Zu dëse gehéiert och, dass ee vun 13 Joer un net méi dierf um Trottoir fueren, keng aner Persoun dierf mathuelen, an och keng Gefierer dierf zéien. En Helm ass recommandéiert, awer net obligatoresch.
Fir méi séier oder méi staark Modeller gëllen iwwerdeems d'Reegele vum Cyclomoteur. Dozou gehéieren zum Beispill Aschreiwung, Versécherung, Fürerschäin an Helm.
De Ministère wëll weider analyséieren, ob eng nächst Sensibiliséierungscampagne sech geziilt op d'Sécherheet vun E-Scootere konzentréiere soll. Parallel gëtt den nationale Reseau vu Vëlospiste kontinuéierlech ausgebaut, "wat och zu der Sécherheet vun den E-Scootere bäidréit", sou d'Yuriko Backes.
Keng speziell Statistiken oder Kontrolle fir Liwwer-Personal
An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Gréngen-Deputéierte Meris Sehovic huet d'Mobilitéitsministesch Prezisiounen zur Sécherheet vu Liwwerante ginn. Wéi si erkläert, ginn et keng speziell Statistiken zu Accidenter, déi Personal ënnerwee mat enger Liwwerung involvéiert. Genau wéi all aner Notzer vun der Strooss mussen och si sech un de Code de la Route halen, sou d'Yuriko Backes.
D'Ministesch huet och erkläert, datt eng Campagne iwwer d'Sécherheet am Stroosseverkéier wärend der Aarbecht a Preparatioun wier. Dës geschitt an Zesummenaarbecht mat der Association d'assurance accident (AAA) mam Zil, d'Risiken ze thematiséieren an d’Betriber unzereegen, hir Mataarbechter ze sensibiliséieren.
Spezifesch Police-Kontrollen nëmme fir dëse Grupp sinn net geplangt, et ginn awer reegelméisseg allgemeng Kontrollen duerchgefouert, ënnersträicht d'Yuriko Backes.
"Verkéiersbildung" an de Schoule soll gestäerkt ginn
Zur Sécherheet um Schoulwee, thematiséiert an enger Fro vun de Gréngen-Deputéierten Sehovic an Djuna Bernard, huet d'Ministesch drop higewisen, datt d'Verkéiersberouegung ronderëm Schoulen eng "Prioritéit" am "Plan national Sécurité routière 2024–2028" ass. Nieft geziilte Campagnë fir vulnerabel Verkéiersnotzer géing duerfir och mat dem Educatiounsministère dru geschafft ginn, "Verkéiersbildung" an de Schoulen ze stäerken.
Verbesserunge vun der Sécherheet op Stroosse bei Schoule ginn dann och systematesch accordéiert, wa se den technesche Krittären entspriechen, sou d'Ministesch weider. Hei géing et "Richtlinne" vum Ministère ginn, fir de Gemengen am Virfeld eng "Hëllefsstellung" ze bidden.
D'Initiativ "Séchere Schoulwee" fält der Ministesch no an d'Kompetenz vun de Gemengen, eng national Verflichtung oder speziell finanziell Hëllefe wieren duerfir net virgesinn.