Den nationalen an internationalen Autosmarché stécht weider a schwéieren Zäiten.

No engem schlechte Joer 2024 mat engem Minus vu 5 Prozent bei der genereller Vente vun neie Ween, ass et fir déi éischt 6 Méint vun dësem Joer e Plus vun engem Prozent, am Verglach mam éischte Semester d’lescht Joer. Dat geet aus dem neie Konjunktur-Flash vum Statec ervir.

Domat läit een awer weiderhi wäit ënnert der Zuel vun Nei-Umeldungen, déi et nach virun der Corona-Pandemie gouf. Fir déi ganz Euro-Zon ass et souguer e Minus.

Dat weist sech och un de Semester-Zuele bei eisen Noperen. An Däitschland sinn d’Verkafschiffren ëm 5 Prozent agebrach, a Frankräich ëm 8 Prozent an an der Belsch souguer ëm 11 Prozent.