Fir an de "Stellantis Heritage HUB Torino"-Musée eranzekommen, brauch een e Rendez-vous. Fir Automobilenthusiasten ass et definitiv eng Rees wäert.

Den Heritage HUB zu Turin ass e Service-Zentrum wou, ewéi a ville Muséeën op der Welt, och ausgebilt gëtt. Mee virun allem ass et d’Heemescht vun enger interessanter Oldtimersammlung vum Proprietär. D’Diere ginn dem Publikum nëmmen op Rendez-vous, an dat un dräi Deeg an der Woch, freides bis sonndes, opgemaach an e Guide féiert duerch eng spannend Geschicht vum Automobil.

RTL

© Jeannot Boesen

Den Heritage HUB ass an de fréiere Raimlechkeete vum Turiner Wierk Mirafiori entstanen. Op enger Fläch vu ronn 15.000 m2 fënnt een d’Büroe vum Heritage Team an di faszinéierend Ausstellung vum Wierk Mirafiori an Zesummenaarbecht mat de Marke Fiat, Lancia an Abarth. Gläichzäiteg fënnt een hei och Autoe vun Alfa Romeo an Autobianchi. De Beräich „Engine Area“ ass den Oldtimer-Moteure gewidmet. Hei ginn di bekanntste Moteuren aus der Produktioun vu Mirafiori ausgestallt. Ausserdeem kann de Visiteur och eng Rei Autoe bewonneren, déi an de leschte 50 Joer der "Carabinieri" zur Verfügung gestallt goufen.

RTL

© Jeannot Boesen

D’Gebai staamt ursprénglech aus den 1960er Joren a gouf originalgetrei restauréiert. Esou sinn d’Faarwen, de Betonbuedem an di metalle Feiler nach déi vun deemools. Ongeféier 300 Auto ginn et am Musée, vun deenen eng Partie nach ni gewise goufen.

Di ganz Sammlung ass an aacht verschidden Themeberäicher opgedeelt. Am Deel „Records and Races“ ginn déi Autoe gefeiert, déi op de Circuite weltwäit erfollegräich waren, wéi zum Beispill de Fiat S61, dee bei der éischter Editioun vun de 500 Meile vun Indianapolis 1911 di drëtt Plaz eragefuer huet. Beispiller vu Concept-Autoen oder Eenzelstécker déi a ganz klénge Serie gebaut goufen stinn am Beräich „Concepts and Fuoriserie“. Autoen, déi op technescher Basis der Innovatioun an der Automobilarchitektur gedéngt hunn, kann een am Beräich „Archistars“ bestaunen. Déi fir d’Ëmwelt innovatiivsten Autoe stinn ënner dem Numm „Eco and sustainable“, wärend Modellen, déi et verstanen hu Sécherheet mat kompakten Ausmoossen ze kombinéieren an der Rubrik „Small and safe“ stinn. Bei de „Style Marks“ stinn d’Chefs d’oeuvre, déi den Design vun esou munchem Auto gepräägt hunn. Zum Beispill den Abarth 2400 Allemano, deen den Här Carlo Abarth fir sech selwer entwéckelt huet. Da gëtt et nach „Epic Journey“, dat ass eng Hommage un Autoen, déi Protagonisten an onvergiesslecher Reesen « on the road » waren.

RTL

© Jeannot Boesen

An als lescht gesäit een exklusiv Modellen, déi an der glorräicher Zäit vun de Rallyen an d’Geschicht agaange sinn. Hei kann een ënner anerem den Lancia Delta S4 Groupe B bestaunen, deen iwwer 700 PS op déi véier Rieder iwwerdroen huet. Déi stinn am Beräich „Rallye Era“

RTL

© Jeannot Boesen

Et kann een och Gruppen-Eventer buchen, bei deenen dës faszinéierend Ausstellung am Mëttelpunkt steet. Weider Informatioune kritt een ënner heritagehub@stellantis.com.