D'Administratioun vun de Ponts et chaussées huet matgedeelt, datt d'Fuerbunn op der A1 um Deel tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Echangeur Hamm nei gemaach gëtt. Deemno wäert dës Streck fir d'Zäit tëscht e Freideg, dem 17. Juli géint 21 Auer bis e Méindeg, den 20. Juli ëm 4 Auer moies gespaart sinn.
Dowéinst wäert d'A1 op dësem Deel tëscht der Gaasperecher Kräiz an dem Echangeur Hamm bidirektional am Géigeverkéier verlafen. D'Vitesse wäert op 70 km/h respektiv op 50 km/h am Tunnel Houwald reduzéiert ginn. D'Unzuel vun den Opfaarten um Gaasperecher Kräiz wäerten donieft och reduzéiert ginn an Deviatioune wäerte gekennzeechent sinn.
All d'Detailer vun dësem Chantier fannt Dir och um Site vun der CITA.