Technesch Problemer um Stellwierk zu EttelbréckZuchtrafic tëscht Dummeldeng an Ettelbréck a béid Richtungen ënnerbrach

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'CFL mellen, kéinten Zich eventuell vu 14 Auer un nees normal op dëser Streck fueren. Et gëtt um Problem geschafft.
© RTL

Op Grond vun enger technescher Pann, déi d'Stellwierk zu Ettelbréck betrëfft, ass d'Zirkulatioun op der Streck Dummeldeng - Ettelbréck - Dikrech a béide Richtungen deels ënnerbrach. Et betrëfft konkret den Trajet tëscht Dummeldeng an Ettelbréck.

D'CFL hunn an deem Kontext e Samschdeg de Moien dann och Ersatz-Busser fir d'Leit en Place gesat, déi dann tëscht Dummeldeng an Ettelbréck d'Leit transportéieren. Alleguerten d'Arrêten op dëser Streck wäerte vum Bus-Service gefuer ginn.

Maintenance-Ekippe sinn dann och op der Plaz, fir eng Léisung fir de Problem ze fannen, deelen d'CFL weider mat. Leschten Informatiounen no, kéint den Trafic awer op dëser Streck vu 14 Auer un nees normal lafen.

Weider Detailer an Informatioune ginn et um offizielle Site vun den CFL oder op hirer App.

Back to Top
CIM LOGO