A4 Richtung Esch-UelzechtSortie Steebrécken de Weekend wéinst Chantier gespaart

RTL Lëtzebuerg
De Weekend wäert d'Sortie Steebrécken op der A4 Richtung Esch-Uelzecht fir den Trafic gespaart sinn.
© Ponts et chaussées

D'Ponts et chaussées hunn annoncéiert, datt d'Sortie vum Echangeur Steebrécken op der A4 Richtung Esch-Uelzecht de Weekend fir de Verkéier gespaart gëtt. Méi genee wäerten d'Aarbechte vun e Samschdeg 12:00 Auer bis e Méindeg 4:00 Auer moies goen. Dobäi sollen d'Schëlder ubruecht an en definitiven Uschloss vun der neier Sortie Richtung Esch-Uelzecht gemaach ginn.

D'Autobunn gëtt op där Säit a Richtung Esch donieft op just eng Spuer reduzéiert an eng Deviatioun wäert en place gesat ginn, fir de Verkéier sou fléissend wéi méiglech ze halen. Chaufferen, déi vun der A4 a Richtung Esch-Uelzecht op Steebrécke fuere wëllen, ginn iwwert den Echangeur Féiz an duerno iwwert den CR164 an den CR169 Steebrécken ëmgeleet.

All d'Detailer vum Chantier fannt Dir och um Site vun der CITA.

Plan de déviation a4.pdf

Back to Top
CIM LOGO