Aarbecht ofgeschlossNees 90 km/h an all d'Spueren op: Trafic duerch den Tunnel Grouft leeft nees normal

RTL Lëtzebuerg
Nodeem den Tube a Richtung Norde viru kuerzem opgaangen ass, goufen elo och am zweeten Tube vum Tunnel Grouft d'Aarbechten ofgeschloss an all d'Mesuren opgehuewen.
Am Tunnel Grouft dierf een nees déi dräi Spuere benotzten.
Am Tunnel Grouft dierf een nees déi dräi Spuere benotzten.
© RTL Mobile Reporter

D'Aarbechte un de Ventilatoren am Tunnel Grouft op der A7, fir d'Rotorblieder z'ersetzen an d'Motoren ze iwwerpréiwen, sinn an der Nuecht op en Donneschdeg fäerdeg ginn. Déi Interventioune waren noutwendeg ginn, nodeems bei der reegelméisseger Revisioun eng ongewéinlech Beschiedegung un den Rotorblieder festgestallt gouf. Als Konsequenz dovu goufen zanter dem 30. Januar 2026 Moossname geholl, fir de Risiko am Tunnel ze minimiséieren.

Zënter em Donneschdeg de Moie ass den Tunnel Grouft nees wéi gewinnt op. D'Iwwerhuelspuer dierf nees genotzt ginn an d'Vitess ass nees op 90 Kilometer an der Stonn eropgesat ginn.

D'Schreiwes vu Ponts et Chausseés

Back to Top
CIM LOGO