
Dofir ass et wichteg direkt e puer Parameteren am Auto ze kontrolléieren éier et op d'Rull geet. Frank Maas vum ACL:
"Also, wichteg sinn d'Niveauen am Allgemengen, dat heescht de Motorueleg, d'Kill- a Bremsflëssegkeet an och de Lave-glace. Bei de Pneuen ass et den Zoustand. Si se net beschiedegt, ass genuch Profil drop, ass de Pneu net ze al. De Loftdrock soll een natierlech der Charge och upassen. A mir bidden am ACL och e Vakanzen-Test u bei deem all di wichteg Baudeeler vum Auto virun enger Rees kontrolléiert ginn. Sou kann een eng Pann vermeiden an et kann een och berouegt an Vakanz fueren."
D'Batterie da reagéiert net nëmmen op d'Keelt empfindlech mee och op d'Hëtzt. Grad eeler Semester si mat der Zäit manner performant.
"D'Batterie läit an der ACL Panne-Statistik op éischter Plaz, also nach wie vor déi heefegst Pann an dofir bidde mir och am ACL Diagnostik-Zenter extra e Batterie-Test un."
Ma och d'Klimaanlag sollt een net vergiessen. Wann dës net méi kal bléist, dann ass et Zäit Killmëttel nozefëllen oder awer no enger eventueller Fuite ze kucken.
A wann d'Vakanz da bis eriwwer ass, da sollt een awer och nach eng Kéier e méi intensive Bléck op säin Auto werfen.
"Am beschten soll een nom Retour nach eng Kéier d'Niveauen checken an dann natierlech och de Loftdrock erëm upasse well ee jo lo erëm mat manner Charge fiert. An wann een och eng Daachbox huet, soll een déi natierlech och erofhuelen."
Am Fall wou een dann awer sollt eng Panne hunn am Ausland, da rifft een den ACL iwwert d'Telefonsnummer 26000 un, dee këmmert sech dann ëm déi ganz Organisatioun vum Depannage. Virausgesat et ass ee Member.