Nei Couche fir d'FuerbunnChantier um Zéissenger Kräiz vun Freideg- bis e Sonndegowend

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun den Aarbechte kënnt et vum Zéissenger Kräiz zu enger Partie Spärungen.
© Ponts et chaussées

Vun e Freidegowend 19 Auer bis e Samschdegowend 23 Auer gëtt um Zéissenger Kräiz eng nei Couche op der Fuerbunn gezunn. Am Kader vun dësen Aarbechten wäert et zu follgende Spärunge kommen:

  • D'Bretelle vun der A4 an Direktioun Stad eriwwer op d'A6 an Direktioun Belsch
  • D'Bretelle vun der A4 an Direktioun Esch eriwwer op d'A6 an Direktioun Belsch
  • D'Bretelle vun der A6 an Direktioun Belsch eriwwer op d'A4 an Direktioun Stad
  • D'Bretelle vun der A6 an Direktioun Gaasperech eriwwer op d'A4 an Direktioun Stad

D'Deviatioune sinn op der Plaz gezeechent.

Den Detail vun den Deviatiounen am Schreiwes vun de Ponts et chaussées

Back to Top
CIM LOGO