CFL-Zich fir d'Provënz Lëtzebuerg?Am Belsche Grenzgebitt sollen déi nächst Jore méi Zich op d'Schinne kommen

Jeannot Ries
Bis 2040 soll den Zuch bei eise belschen Noperen e Pilier vun der Mobilitéit ginn. An der Provënz Lëtzebuerg wa méiglech mat der Ënnerstëtzung vun den CFL.
Am Belsche Grenzgebitt sollen déi nächst Jore méi Zich op d'Schinne kommen
Bis 2040 soll den Zuch bei eise belschen Noperen e Pilier vun der Mobilitéit ginn. An der Provënz Lëtzebuerg wa méiglech mat der Ënnerstëtzung vun den CFL.

De belsche Vizepremier an Transportminister Georges Gilkinet wëll méi Wueren op d’Schinnen. Awer och Persounen. Am Modal-Split soll den Zuch an der Belsch bis 2040 15 Prozent vun den Deplacementer ausmaachen. Haut sinn et just 8 Prozent. Méi Zich, och Owes oder um Weekend. Zich, déi méi pünktlech ginn. Material vun enger bessert Qualitéit. Garen, déi méi accessibel ginn. Mat och Plaze fir de Vëlo. Mëttelfristeg méi attraktiv Tariffer. De belsche Vizepremier a Minister fir Mobilitéit huet e Méindeg den Owend op enger Konferenz zu Arel vill versprach. Ronn 44 Milliarde ginn effektiv an engem Zäitraum vun 10 Joer bei eisen Noperen an d’Eisebunn investéiert. De Reaktiounen no, vun de Vertrieder vu ronn 50.000 belsche Frontalieren, déi Dag fir Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, gëtt et och héich Zäit.

Grenzgänger, déi net just méi Zich, ma och méi Parking bei de respektive Garen tëscht Libramont an Arel fuerderen. De Minister Geoeges Gilkinet wëll elo emol fir d’éischt méi Zich. An dat an direkter Zesummenaarbecht mat den CFL.

“C’est mon rêve. Mais c’est un peu plus qu’un rêve. De faire descendre des trains luxembourgeois. Parce que là, ils ont les moyens, j’essaye de les rattraper, mais voilà, en fin bon soit, on pourra en reparler. Faire descendre des trains luxembourgeois pour tant qu’ils soient homologués pour rouler en Belgique, jusque par exemple Libramont. Et venir chercher des navetteurs, des Luxembourgeois de la Province qui vont travailler au Grand-Duché.”

Déi dofir néideg Aarbechten un der Héichspannung wieren ofgeschloss, an éischt Tester hätten och scho kënne mat Erfolleg ofgeschloss ginn.

D’Vertrieder vun de Belsche Frontalieren, awer och Gewerkschaftler hunn e Méindeg den Owend d’Mobilitéit op der Lëtzebuerger Säit gelueft. Vun de “Park and Ride"-Optioune bei de Garen, iwwer de WI-FI, deen an d’Lëtzebuerger Zich komme soll, bis bei de gratis Transport. Gratis Transport an der Belsch - dat ass net méiglech, sou d’Reaktioun vum Minister, dee mat engem Pick reagéiert huet:

“Quand on prend le tram de François, qu’il est gratuit, on en rêve évidemment. La structure budgétaire du Grand-Duché est très différente de la nôtre. C’est un petit paradis fiscal, vous le savez. Pour les questions d’accises sur l’alcool, vous connaissez ça beaucoup mieux que moi. Vous êtes des voisins. Pour les banques, le secteur financier, .... Il y a de très bons écologistes au gouvernement, ils ont les moyens à la fois d’avoir un réseau performant et gratuit. C’est pas le cas en Belgique. Il y a une participation financière des voyageurs qui est bien en de ça du coût de chaque trajet, d’ailleurs.”

Bréissel - Lëtzebuerg an eppes iwwer zwou Stonnen?

Eleng gratis Zich an der Belsch, dat géif bedeiten dat 700 Milliounen u Recetten iwwer d’Ticketen ewech fale géifen, sou d’Erklärung vum grénge Minister weider. Deen awer näischt duergéingt hätt, wa Bréissel - duerch de Brëll vun der Mobilitéit gekuckt - méi no u Lëtzebuerg eru réckele géif. 2030, wa bis dann endlech all d’Schantercher fäerdeg sinn, kéinten Schnellzich déi just zu Arel an Namur stoe bleiwen, béid europäesch Haaptstied bannen eppes iwwer 2 Stonnen verbannen, sou en optimistesche Georges Gilkinet.

Back to Top
CIM LOGO