
Pénktlech wa moies nees d’Stroosse kënnen ugezunn ginn, mécht d’Regierung och public, wéi eng Stroossen am Land net dierfe gefuer ginn, wann et glat ass oder Schnéi läit.Et sinn dëst Joer 29 Stroossen, wou e Fuerverbuetsschëld steet mat der mentioun drënner “en cas d’enneigement ou de verglas”, wou et deemno a béide Richtunge verbueden ass, drop ze zirkuléieren- eeben, wann et glat ass, oder d’Stroosse wäiss sinn.Dëst wëll awer net heeschen, datt dës Stroossen per se net gestreet ginn, mä an awer gëllt de Fuerverbuet.Heirënner falen, vun dësem 17. Dezember un, z.b. d’Strecken iwwert de Stafelter, d’Fléiber oder den Izegerstee, grad wéi d’Stroossen tëscht Fëlschdref an Altwis, tëscht Walfer an dem Briddel, tëscht Lellgen an Holztem an d’Nationalstrooss via Aassel - fir nëmmen dës ze nennen.Wee sech net un d’Fuerverbuet am Fall vun Schnéi an Äis hält, riskéiert natierlech entspriechend protokolléiert ze ginn.
|
Cette disposition est indiquée par le signal C,2 et complété par un panneau additionnel portant l’inscription « en cas d’enneigement ou de verglas ».
Art. 2.Les infractions aux dispositions du présent règlement sont punies conformément à l’article 7 de la loi modifiée du 14 février 1955 concernant la réglementation de la circulation sur toutes les voies publiques.
Art. 3.Notre Ministre de la Mobilité et des Travaux publics est chargé de l’exécution du présent règlement qui sera publié au Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg.