"Et ass näischt méi do. Et ass alles verbrannt"Dem Gerant no hätt ee vun de Gäscht d'Feier am MiaZia zu Bieles geluecht

Sibila Lind
Am Abrëll sollt den aachte Gebuertsdag vum Etablissement sinn, ma et koum alles anescht.
De Patron vum MiaZia erhieft Virwërf géint ee vun de Gäscht
E Mann, dee seng Frëndin hätt wëllen ëmbréngen, wier Schold um Feier am Hotel-Restaurant zu Bieles gewiescht.

An der Nuecht op de 17. Januar ass e Brand am Hotel-Restaurant MiaZia zu Bieles ausgebrach. Véier Leit goufen an d’Spidol bruecht, dorënner de Pasquale Wolza, de Manager vum Etablissement. Antëscht huet sech jidderee kierperlech erholl.

De Feieralarm ass kuerz no 23 Auer ausgeléist ginn. De Brand huet ongeféier 80 Pompjeeë mobiliséiert. Zu deem Zäitpunkt ware keng Gäscht méi am Restaurant, awer siwen Zëmmer ware besat.

De Pasquale an dräi aner Leit goufe blesséiert. Dorënner och déi Persoun, déi verdächtegt gëtt, de Brand geluecht ze hunn. Dem Manager no hätt d’Feier am Zëmmer vun enger Koppel ugefaangen, déi d’Nuecht vum Feier am Hotel geschlof hat, ugefaangen. Dat well de Mann seng Frëndin hätt wëllen ëmbréngen: “D’Feier, dat huet dann alles hei ugefaangen. Hei war eng Koppel. Abee, de Mann, dee wollt einfach seng Frëndin dout maachen. An dir gesitt jo elo, wat nach alles iwwereg ass. Et ass näischt méi do. Et ass alles verbrannt.”

Antëscht huet sech jidderee kierperlech erholl. Awer d’Konsequenze vum Feier sinn uerg: De Schued gëtt op e puer Milliounen Euro geschat an d’Gebai muss komplett renovéiert ginn, soudatt den Hotel op onbestëmmten Zäit zou bleift. All 15 Mataarbechter, souwéi de Pasquale selwer, sinn am Chômage accidentel fir zwee Méint. Duerno ass hir Zukunft nach ëmmer onsécher, awer de Pasquale huet schonn ugefaangen, Optiounen ze ënnersichen, fir d’Geschäft weiderzeféieren an d’Team ze behalen.

Back to Top
CIM LOGO