Op der Héicht vu BierchemCFL mellen technesche Problem wéinst Hëtzt, gréisser Stéierungen op zwou Strecken

RTL Lëtzebuerg
Eng technesch Stéierung wéinst der Hëtzt suergt op der Héicht vu Bierchem aktuell fir gréisser Problemer op zwou Eisebunnsstrecken.
Et ass nach net gewosst, wéini de reguläre Verkéier nees opgeholl ka ginn. D'Techniker vun den CFL schaffen op der Plaz un enger Léisung.
© CFL

Wéi d'CFL um Méindegmëtteg annoncéiere ginn et op de Strecken tëscht der Stad Lëtzebuerg an Esch/Rodange an tëscht der Stad an Thionville/Metz aktuell gréisser Stéierunge wéinst der Hëtzt. D'Temperaturen hätten eng technesch Pann verursaacht an op béide Strecke géingen am Moment just "eng extrem begrenzten Unzuel vun Zich fueren", heescht et vun offizieller Säit.

D'CFL bedaueren d'Stéierung a bieden hir Clienten, wéinst dem waarme Wieder déi néideg Moossname fir hir Reesen ze huelen. Si weisen och drop hin, datt op der Gare an der Stad gratis Waasserfontänen zur Verfügung stinn.

Et ass nach net gewosst, wéini de reguläre Verkéier nees opgeholl ka ginn. D'Techniker vun den CFL schaffen op der Plaz un enger Léisung.

Back to Top
CIM LOGO