Vun Hallefnuecht u wäert de Präis fir den Diesel op der Pompel ëm 3,6 Cent de Liter klammen. De 95er an 98er Bensinn bleiwen dogéint onverännert bei 1,876 respektiv 2,081 Euro de Liter.
Eng Hausse gëtt et dann och beim Masutt, deen ëm 3,9 Cent op 1,575 de Liter klëmmt.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.