
Um 9 Auer huet et tëscht Käerjeng a Kënzeg gerabbelt. Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun bei engem Accident mat engem Auto verwonnt. Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng, grad ewéi d'Pompjeeë vu Käerjeng.
Kuerz virun 10 Auer sinn um Belair an der Avenue G. Diderich en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt an de SAMU aus der Stad huet mussen an den Asaz, grad ewéi d'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad.
Kuerz no 10 Auer huet zu Hueschtert an der Rue de Folschette e Bus gebrannt. D'Strooss huet musse komplett fir den Trafic gespaart ginn. Pompjeeë vu Miersch, Rammerech a Réiden goufen op d'Plaz geruff, fir ze läschen. Och eng Ambulanz vu Rammerech war zu Sécherheet op der Plaz.