Regierung erkläert sechAffär Fridman ass Thema an der Chamberkommissioun vun de Baussechten Affären

Joel Detaille
D'Deputéiert kréie vun der Regierung Explikatioune wéi et derzou koum, dass de russeschen Oligarch vun der EU-Sanktiounslëscht erofgeholl gouf.
De Mikhail Fridman huet Lëtzebuerg op 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz verklot, well seng Avoiren hei zu Lëtzebuerg agefruer goufen.
De Mikhail Fridman huet Lëtzebuerg op 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz verklot, well seng Avoiren hei zu Lëtzebuerg agefruer goufen.
© PAVEL GOLOVKIN/AFP (Archivfoto)

An der Chamberkommissioun vun de Baussechten Affären geet et e Méindeg de Moien ëm d'Affär Fridman.

D'Deputéiert kréie vun der Regierung Explikatioune wéi et derzou koum, dass de russeschen Oligarch vun der EU-Sanktiounslëscht erofgeholl gouf.
Deen hat jo 16 Milliarden € Schuedensersatz gefrot, well hien 2022 op déi Sanktiounslëscht koum, a seng Konten hei am Land domadder blockéiert waren.

Dass d'Regierung sech derfir agesat huet, dass d'Sanktioune géint hien annuléiert ginn, huet och fir Kritik gesuergt. D'Regierung erkläert sech wéi gesot, e Méindeg de Moien an der Chamber.

Back to Top
CIM LOGO